Eis Scholden

D’Erfahrung vun de leschten 2 Budgeten huet gewisen, dass d’Verscholdung nach méi lues klamme kann, wéi virgesinn, besonnesch wa mer fäerdeg bréngen, dass d’Recetten méi héich, an d’Depensen méi niddereg ausfalen, wéi am Budget virgesinn.

Des Legislaturperiod huet d’Regierung nach net een neien Emprunt musse maachen, ofgesinn vum Sukuk, deem säin Haaptzweck et war, Lëtzebuerg als Finanzplaz nach méi breet opzestellen.

Mir sinn aus der Scholdespiral eraus.

Evolution de la dette des administrations publiques

D’Staatsverschëldung bleift bis 2020 absolut stabil zwëschen 23,5 an 23,7% vum PIB.

Dës positiv Entwécklung soll net heeschen, dass Lëtzebuerg och an Zukunft keen neien Emprunt maache misst. Am Budget sinn déi néideg Autorisatioune virgesinn. D’Spezialisten an der Trésorerie halen d’Situatioun genee am A. Grat an engem Moment, wou d’Zënsen historesch niddereg sinn, soll ee sech all Optiounen ophalen.

Dernière mise à jour